Den Europass adresséiert sech u

D'Europass-Campagne ukucken

Wat ass den Europass?

Kloer an transparent: den Europass erméiglecht jidderengem, seng Qualifikatiounen a Kompetenzen an deem Land, an deem e säi Wunnsëtz huet, an a ganz Europa einfach ze beschreiwen - fir se matzedeelen.

Op déi Manéier gëtt d’Transparenz tëschent den Educatiouns- a Qualifizéierungssystemer vun de Memberstaate verbessert.

Den Europass ass en eenzegaartege Referenzkader, deen

  • et erméiglecht Qualifikatiounen a Kompetenzen ze dokumentéieren, egal wou a wéini ee se kritt huet;
  • bei der Sich no enger Aarbecht hëlleft, andeems en d’Kommunikatioun tëschent der Persoun, déi sicht an där, déi Aarbecht ubitt, erliichtert;
  • Salariéen a Leit, déi an der Ausbildung sinn d’Mobilitéit erliichtert;
  • Transparenz schaaft bei der Vergläichbarkeet an der Unerkennung vun de Qualifikatiounen op europäeschem Niveau.

Den Europass gëtt et zënter dem 1. Januar 2005, e baséiert op enger Resolutioun vum Europäesche Parlament an dem Europarot vum 15. Dezember 2004, Resolutioun No 2241/2004/EG vum Europäesche Parlament an dem Rot (PDF 6 Mb).
Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence an der Europäescher Unioun war eng Optaktkonferenz vum 31. Januar bis den 1. Februar 2005 zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat der Generaldirektioun “Educatioun a Kultur” vun der Europäescher Kommissioun.

Am Ablack ass den Europass en Instrument, dat a 27 Länner vun der Europäescher Unioun, an den EFTA/EWR Staaten (Island, Lichtenstein an Norwegen) an och an Kroatien an an der Tierkei benotzt gëtt.